Dass et am Gesondheetssecteur u Personal feelt, ass zanter Jore bekannt. D’Corona-Kris huet dëst awer nach eng Kéier an de Virdergrond geréckt. D’Associatioun vun de Lëtzebuerger Medezinsstudenten Alem huet an enger Etüd, wou eng 230 Studente befrot goufen, d’Grënn fir de Manktem ënnersicht.
Mat 2,9 Doktere pro 10.000 Awunner gëtt et elo schonn net genuch Medezinner zu Lëtzebuerg. Ronn d’Hallschent vun de 1.500 Spezialiste sinn no un der Pensioun a wäerte geschwë feelen. Nom Cedies studéieren am Moment 1.000 Lëtzebuerger Medezin.
An der Etüd géif ee gesinn, datt Etapp fir Etapp am Studium, d’Motivatioun, fir zeréck op Lëtzebuerg schaffen ze kommen, ofhëlt, esou d’Alem. No den éischten 2 Joer wieren nach iwwer 95% vun de Kandidate gewollt, am Grand-Duché eng Karriär opzebauen. An den 2 leschte Jore sinn et just nach 70 bis 75%, ofhängeg vum Diplom. Am Resumé heescht dat, datt et knapp 1/3 vun den ausgebilten Dokteren net méi op Lëtzebuerg zitt. Dass eng Partie Medezinsstudente nom Studium net zeréck op Lëtzebuerg kommen, huet e puer Grënn, wéi de Chris Speicher, Vizepresident vun der Alem, erkläert.
“Engersäits, dass mëttlerweil d’Aarbechtsbedingungen och an eise Nopeschlänner zimmlech gutt sinn, dass natierlech gewësse Strukturen am Ausland do sinn, déi mir zu Lëtzebuerg am Moment nach net hunn, déi een zu Lëtzebuerg awer ouni Problem an den nächste Jore kéint opbauen. Dann de Fait, dass mer eis schonn oft am Ausland etabléiert hunn, wa mir bis mat der Facharztausbildung fäerdeg sinn.”
Nieft de feelende Strukturen, wéi zum Beispill enger Unisklinik, feelt et awer och un Ausbildungsméiglechkeeten. E komplette Bachelor an der Medezin gëtt et op der Uni.lu réischt zanter dësem Joer. Spéitstens no deenen 3 Joer muss de Student dann an awer d’Ausland, kritiséiert d’Julie Zangarini, Presidentin vun der Alem.
“Et wier immens domadder gehollef, wann een e komplette Studium vun Ufank bis Schluss zu Lëtzebuerg ubitt, dass d’Leit vun Ufank un zu Lëtzebuerg kënne bleiwen. An dann awer och herno fir d’Spezialisatioun wier et och wichteg, déi zu Lëtzebuerg kënnen ze maachen, dass een halt nom Studium, wann een dann halt net zu Lëtzebuerg mécht, awer kann soen: ech kommen dann elo mat 25 bis 26 Joer rëm, ech kann hei ufänke mat schaffen an ech maache meng Spezialisatioun hei. Dofir misst een zu Lëtzebuerg eng méi grouss Rëtsch u Spezialisatiounen ubidden, wei dat de Moment de Fall ass.”
Fir d’Alem wier d’Grënnung vun enger Unisklinik e Punkt, dee sécherlech méi Medezinsstudente géif zeréck op Lëtzebuerg bréngen, mengt de Chris Speicher.
“Et muss een ufänken, de Leit och en innovative System ze bidden, dee mat den Neierungen an der Medezin matgeet, deen et erméiglecht, och op engem héchsten Niveau Medezin ze bedreiwen, wéi dat och am Ausland de Fall ass. Dowéinst fuerdere mir jo och ënnert anerem, dass een en Universitätsklinikum opbaut, well dat quasi implizéiert, dass Fuerschung bedriwwe gëtt, dass mat der Technologie matgaange gëtt an ee sech de Fortschrëtter an der Medezin och upasse géif.”
Och fuerdert d’Alem, dass reegelméisseg eng Demographie Medicale gemaach gëtt. Et wier nämlech wichteg ze wëssen, wou genau et un Gesondheetspersonal feelt a wei eng Lücken ee fëlle muss. Soss géif d’Rechnung iergendwann net méi opgoen.