CGDIS1 Blesséierte bei klengem Feier um Weimeschhaff
En Donneschdeg géint 17.30 Auer gouf um Weimeschhaff eng Persoun blesséiert, wéi si versicht huet e klengt Feier auszemaachen, dat mellt den 112.
Verëffentlecht: 25.12.20 07:36, Update: 15.12.25 10:30
Et waren zwou Ambulanzen aus der Stad op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeën.
Géint 17 Auer waren ze Keel 2 Autoen anenee gerannt, hei ass awer kengem eppes geschitt. D'Pompjeeë vu Keel goufen an den Asaz geruff, grad ewéi d'Ambulanz vun Diddeleng.