
Deemno muss et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kommen.
Eng 4.600 Leit hunn d’Petitioun 1717, Stand e Méindeg de Moien, ënnerschriwwen, wou sech kloer géint den ominéise Gesetzprojet 7662 ausgeschwat gëtt. D’Ënnerschrëfte mussen nach validéiert ginn.
www.chd.lu / PetitiounenMat deem Text sollt jo d’Méiglechkeet geschaaft ginn, Direktiounsposten an de Lycéeën an Zukunft net méi, wéi bis ewell, exklusiv mat Kandidaten aus där héchster Fonctionnaireskarriär beim Staat ze besetzen, mä och mat Leit aus dem Privatsecteur.
No zolittem Widderstand hat den Educatiounsminister Claude Meisch awer Mëtt November decidéiert, d’Situatioun ze entschäerfen, a sech e rouegen Debat iwwert dat Ganzt ze ginn. Dofir gouf dunn decidéiert, d’Chamber ze froen, de Projet, dee an der Plenière sollt gestëmmt ginn, emol vum Ordre du jour erofzehuelen.