Géif de Virus sech am Prisong ausbreeden, kéinten d’Konsequenze méi schlëmm si wéi an engem Alters- oder Fleegeheem.
Deementspriechend sinn d’Sécherheetsmesuren immens verstäerkt ginn. Ugefaange bei Temperaturmoossen a Schnelltester, iwwer Maskeflicht (fir Prisonéier a Personal), bis hin zu engem isoléierte „Corona-Block“ fir asymptomatesch Patienten, de Prisong hätt op allen Niveauen virgesuergt, esou den Här Legil.
Dat wier och néideg gewiescht, wann ee consideréiert, dass am Prisong bis zu 1.200 Leit am Dag an- an aus ginn. Dozou zielt d’Personal, mä och d’Prisonéier. An der Moyenne ginn tëschent 4 a 5 Detenuen am Dag fort an et kommen der genee sou vill rëm bäi. Fir si stinn da mol 2 Frotti-Tester, getrennt duerch eng Quarantän vun enger Woch, um Programm. Réischt nom zweeten negativen Test komme si bei déi aner Prisonéier. Des weideren huet d’Justiz bestätegt, dass 11 Detenue wärend dem Confinement am Mäerz an Abrëll fréizäiteg entlooss gi waren. Ee vun de Grënn fir dës Decisioun war, datt vill Prisonéier an d’Kategorie vun de vulnerabele Leit falen.
“Mir hu ganz vill Leit, déi ënnert d’Kategorie vu vulnerabele Persoune falen. Wéinst zum Beispill Hepatitten oder Drogekonsum. Mir hu ganz vill HIV-Positiver a Leit mat Tuberkulos. Mir hunn awer och ganz vill Leit mat Iwwergewiicht a kardiovaskuläre Problemer. Dat mécht mat der Proximitéit, déi d’Leit awer bei eis hunn, déi riskéiert Konsequenzen nach méi dramatesch ewéi an engem Alters-oder Fleegeheem.”
Fir eng fréizäiteg Entloossung accordéiert ze kréien, dierf den Detenu wärend sengem Encadrement keng nei Delikter gemaach hunn a muss konstant Kontakt mat sengem „Agent de Probation“ halen.
Fir den Ament schafft d’Personal am Prisong a sougenannte „Corona-Schichten“. Dat soll garantéieren, dass kee Kontakt tëschent dem Personal vun de separate Bléck ass. Fir d’Ustiechungsgefor ze minimiséieren, waren och Sport a Visitte laang Zäit komplett annuléiert. Elo si Visitten zwar rëm erlaabt, mä och nëmmen a begrenzter Form a mat den néidege Precautiounen en place.
Bis ewell goufen 8 Fäll vum Virus zu Schraasseg gemellt. All kéiers war et awer en neien Detenu, deen nach an Quarantän souz. All neie Prisonéier muss eng Woch a Quarantän a kritt 2 PCR-Tester gemaach.
