Coronavirus zu Lëtzebuerg6 weider Mënsche gestuerwen, vun 9.318 Tester waren der 163 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt 6 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.

Am Ganze sinn et elo 514 Doudeger.

Aktuell sinn 123 (-1) Patienten hospitaliséiert, dovunner 32 (-2) op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

CORONAVIRUS –RAPPORT JOURNALIER

Back to Top
CIM LOGO