MëttelstandsministèreSoldë fänken an 2 Woche mëttwochs den 20. Januar un

Roy Grotz
Nodeems d'Solden, déi u sech sollten den 4. Januar ufänken, wéinst dem Covid-Lockdown reportéiert gi waren, fänke se lo mëttwochs, den 20. Januar, un.

Dës Decisioun, déi RTL aus dem Mëttelstandsministère confirméiert krut, gouf am Regierungsrot guttgeheescht.

Deemno daueren d’Wantersolden, wärend där d’Geschäftsleit hir Wuere kënnen zu staark reduzéierte Präisser verkafen, bis Äschermëttwoch an der Fuesvakanz.

Mam Datum vum 20. Januar fänken d’Solde parallel zu de Solden a ganz Frankräich un.

An der Belsch gëllen d’Solden ewell zanter dem 4. Januar.

Back to Top
CIM LOGO