Fuerderung vun de GewerkschaftenKannergeld gëtt vun 2022 un nees un den Index gebonnen

RTL Lëtzebuerg
Et war eng laang Fuerderung vun de Gewerkschaften, déi hinnen u sech scho viru 6 Joer vun der Regierung zougeséchert gouf.
Kannergeld gëtt vun 2022 un nees un den Index gebonnen
Et war eng laang Fuerderung vun de Gewerkschaften, déi hinnen u sech scho viru 6 Joer vun der Regierung zougeséchert gouf.

D’Kannergeld, dat 2006 desindexéiert gouf, soll vum 1. Januar d’nächst Joer un, nees un den Index gebonne ginn. Dat gouf dës Woch an der Familljekommissioun festgehalen. Blo-Rout-Gréng haten ze lescht ëmmer nees betount et géif een des Mesure réischt um Enn vun der Legislatur ëmsetzen. Heimadder géif d’Reindexatioun also virgezu ginn.

OGBL an LCGB begréissen, datt d’Regierung aktiv gëtt ma kritiséieren, datt de Accord vun der Bipartite aus dem 2014 net integral ëmgesat gëtt. Bedauert gëtt och, datt d’Perten, déi d’Familljen an de leschte 14 Joer haten net kompenséiert ginn. Den OGBL fuerdert an deem Kontext de Montant misst ëm 7,7% eropgoen.

Den LCGB huet et mat Zomme chiffréiert. Sou misst d’Kannergeld vun elo 265 op 285 Euro gehéicht ginn, gekoppelt mat enger Indexatioun vun allen Familljenzoulagen.

Déi Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei hat am Abrëll 2019 selwer e Gesetz fir eng automatesch Reindexéierung vum Kannergeld proposéiert a wëll trotz der Annonce vun der Regierung weider doru schaffen, seet den Deputéierten Marc Spautz. Hie kéint sech awer virstellen, dass seng Partei de Gesetzprojet fir eng Reindexéierung matdroe géif. Der Oppositiounspartei no misst d’Kannergeld awer zousätzlech retroaktiv op den d’Joer 2019 reindexéiert ginn. An et misst eben méi Suen gi fir grouss Familljen.

''Mir sinn der Meenung, dass déi Belaaschtung vun de Familljen, déi méi ewéi zwee Kanner hunn, also vum drëtte Kand un, méi grouss ass. Do geet et net einfach duer ze soen, dass mir dräi mol dat nämmlecht Kannergeld ginn. Do misst eng Hausse kommen. D’Kannergeld vum drëtte Kand u misst méi héich sinn. Do misst eng zousätzlech Primm ausbezuelt ginn. Et muss een deene Familljen entgéint kommen, well d’Fraisen jo och méi héich ginn. Et brauch een zum Beispill méi groussen Auto.’'

Back to Top
CIM LOGO