Privat Sécherheetsfirma zu BounewegStater Schäfferot geheit Oppositioun Polemik vir

RTL Lëtzebuerg
De blo-schwaarze Schäfferot aus der Stad reagéiert op déi neiste Kritik vun den Oppositiounsparteien a Saache privat Sécherheetsfirma zu Bouneweg.
© RTL Archiv

An engem Communiqué vun e Mëttwoch den Owend seet ee sech iwwerrascht iwwert dat gemeinsaamt Schreiwes vun LSAP, déi Lénk an deene Gréngen. Dat wier reng Polemik a géif weder op déi kritesch Situatioun zu Bouneweg agoen nach géifen déi 3 Parteie Léisunge proposéieren. LSAP, déi Gréng an déi Lénk haten der DP an der CSV an der Stad reprochéiert d’Gesetz iwwert de Gardiennage net ze respektéieren an also illegal ze handelen.

De Stater Schäfferot betount op en neits déi privat Sécherheetsfirma wier net do fir Missioune vun der Police z’iwwerhuelen. Et géif ee vill méi gutt mat der Police zesummeschaffen. Déi hätt bis elo och keen negativen Tëschefall a Relatioun mat de privaten Agente festgestallt. Weider heescht et, datt ee géif ongedëlleg op d’Konklusioune vum interministeriellen Aarbechtsgrupp waarden deen eng global Approche fir d’Problemer op der Gare soll ausschaffen.

De Stater Schäfferot invitéiert donieft de Policeminister Henri Kox op déi nächst Biergerversammlung. Da kéinten all déi Concernéiert un der Diskussioun deelhuelen. De grénge Minister hat d’Stater Virgoe viru Kuerzem bei eis am Background eng Provokatioun genannt.

De Communiqué vun der Stad Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO