
Éischten Informatiounen no war eng Automobilistin an där Strooss a Richtung Pénétrante Lankelz ënnerwee, wéi e Chauffer, deen aus Direktioun Rue Laura Bassi gefuer koum, d’Virfaart ignoréiert huet an et zur Kollisioun koum. Den Auto vun der Fra gouf dobäi widder d’Mauer vun engem Gebai geschleidert. De presuméierte Schëllegen huet just kuerz gebremst, ass dunn awer weider a Richtung Pénétrante Lankelz gefuer.
Kengem ass eppes geschitt. Ma d’Police sicht no Zeien, déi weider Infoen zum Accident hunn.
Den däischteren Auto vum schëllege Chauffer ass eng Zort Limousine. En ass wuel op um Parechoc, respektiv op der Bäifuerersäit staark beschiedegt.
Sämtlech Informatioune si fir den Escher Policebüro um (+352) 244501000 oder per E-Mail op police.esch@police.etat.lu.