Coronavirus zu Lëtzebuerg3 weider Persoune gestuerwen, vun 7.692 Tester waren der 138 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 574 läit.

Aktuell si 63 Patienten hospitaliséiert, dovunner 14 (-1) op der Intensivstatioun.

E Mëttwoch goufen iwwerdeems 827 éischt Dosissen a 97 zweet Dosis vum Vaccin gesprëtzt. Am Ganze sinn dat elo 10.449 Dosissen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO