Broschür mat RotschléiOch Lëtzebuerg wëll sech nohalteg entwéckelen

Claudia Kollwelter
D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet am Kader vum 3. nationale Plang fir eng nohaltegen Entwécklung en Donneschdeg eng nei Broschür presentéiert.
© Frank Elsen

Och Lëtzebuerg wëll sech nohalteg entwéckelen an d’Grondlag dofir soll den 3. nationale Plang fir nohalteg Entwécklung liwweren. Bei dësem Plang geet et ëm een nationalen Beitrag beim Ëmsetze vun der Agenda 2030 vun de Vereenten Natiounen fir nohalteg Entwécklung, déi d’Welt soll méi nohalteg maachen. Dat mat 17 Nohaltegkeetsziler. Lëtzebuerg fokusséiert sech op 10 vun deenen Ziler, ënner anerem op de Klimaschutz, d’nohalteg Mobilitéit an déi nohalteg Produktioun.

Nohaltegkeetsplang / e Reportage vum Claudia Kollwelter

Zil vun der Broschür ass et, d’Nohaltegkeet ganz einfach ze erklären, se an den Alldag mat anzebauen an d’Leit z’inspiréieren selwer ze agéieren. An dofir fënnt een an der Publikatioun dann och 10 konkret Aktiounen - ganz einfach erkläert an duergestallt - mat deene jidder eenzelen zu enger méi nohalteger Entwécklung bäidroe kann. Zum Beispill méi dacks op d’Mobilité douce zréckgräifen oder uerdentlech recycléieren.

D’Carole Dieschbourg:

D’Gemengen hu mëttlerweil Méiglechkeeten, déi se hire Bierger ubidden. Déi sollen uerdentlech genotzt an uerdentlech getrennt ginn. Genee wéi wann een akafe geet, datt ee säi Kuerf oder Sack dobäi huet, fir d’Saachen a keng Plastikstut benotzt, déi jo mëttlerweil och net méi gratis ass.”

Och wat Dag fir Dag op eisem Teller lant, spillt eng Roll:

“Mir kënnen och entscheede wéi vill Fleesch, datt mer iessen. Do kann u sech jiddereen a sengem Choix vum Alldag zur nohalteger Entwécklung bäidroen, zu lokalen Aarbechtsplazen. An zu Lëtzebuerg hu mer och super Drénkwaasser. Do kënne mer ganz vill Plastiksoffall spueren, wa mer d’Drénkwaasser huelen.”

De Konsument a Bierger hätt e gewëssent Potential eppes ze beweegen, seet d’Ëmweltministesch. Mä de generelle Kader misst natierlech och stëmmen an do wier d’Politik gefuerdert. D’Lëtzebuerger Regierung wier sech de groussen Defie bewosst. Dozou zielt eng méi nohalteg Mobilitéit, nohalteg Finanzen oder allgemeng de Klimaschutz. Do géif et drëm goen, Partner mat an d’Boot ze huelen, wat beim Klimapakt beispillsweis gemaach gouf, wou de Staat de Gemengen ënnert d’Äerm gräift:“Nieft de gesetzleche Rahmebedingungen gi mer eis och ganz konkret Strategien a Pläng, fir d’Klima ze schützen.”

D’Carole Dieschbourg

D’Broschür fannt Dir ënnert www.emwelt.lu an agenda2030.lu.

Back to Top
CIM LOGO