Greenpeace"D'Finanzplaz ass de gréisste Klimakiller zu Lëtzebuerg"

RTL Lëtzebuerg
Greenpeace huet déi Honnert gréissten Investmentfongen zu Lëtzebuerg méi genee ënnert d'Lupp geholl.
Greenpeace
Greenpeace huet déi Honnert gréissten Investmentfongen zu Lëtzebuerg méi genee ënnert d’Lupp geholl.

De Rapport kënnt zu der Conclusioun, datt de Grand-Duché sech gären den Image gëtt vun enger nohalteger Finanzplaz. An der Realitéit awer wär ee wäit dovunner ewech.

Den Grand-Duché huet déi weltwäit zweetgréisste Fongenindustrie, an déi géing déi weltwäit Klimakris zu engem groussen Deel mat finanzéieren. Greenpeace huet fir dës Etüd verschidde Krittären analyséiert.

Eenzel Lëtzebuerger Fonge géingen zum Beispill nach ëmmer a Kuel investéieren, obschonns dat finanziell laangfristeg kee Sënn mécht. D’Politik hätt d’Méiglechkeet, fir anzegräifen an ze reguléieren.

De Risiko, datt dann eenzel Fongen eiser Finanzplaz de Réck dréien, besteet. Op der anerer Säit géing ee grad bei nohaltege Fongen den Ament e ganz dynamesche Wuesstem feststellen.

D’Fongenindustrie wier haut jiddefalls net kompatibel mat de Paräisser Klimaziler. A genee dat misst sech an den nächste Joren änneren, seet Greenpeace.

Back to Top
CIM LOGO