Horesca warntNo Brauerei-Urteel sollen aner Cafetieren net hire Loyer aussetzen

RTL Lëtzebuerg
Aner Cafetieren sollten elo besser net op d'Iddi kommen, opgrond vun deem Urteel géint eng Brauerei, hire Loyer och auszesetzen, seet d'Horesca.

Um Friddensgeriicht ass jo d’lescht Woch en Urteel an éischter Instanz gesprach ginn, an deem d’Riichter zur Conclusioun kommen, datt d’Brauerei engem Cafetier aus Clausen kee Loyer dierf froen, fir déi Zäit wou d’Caféeën vum Gesetz hier net dierfen opmaachen.

Horesca/Reportage Dany Rasqué

Géif een dat maachen, riskéiert ee méiglecherweis Problemer ze kréien an dofir réit d’Horesca jidderengem, de Loyer virun ze bezuelen a parallel dem Bailleur e Bréif ze maachen an ze froen, ob en domadder averstanen ass, de Loyer en suspens ze setzen, bis déi heiten Affär an zweeter Instanz gesprach ass.

De Generalsekretär vun der Horesca, de François Koepp:

“Ech si mer elo scho bal sécher, datt de Bailleur seet “Nee dat geet net”. Dann ass déi zweet Saach, datt en da Loyer dann eventuell bezilt, sou Réserve de l’appel du jugement du 21.1.2021"

Da kënnt och nach dobäi, datt d’Kontrakter net alleguer d’selwecht sinn. Esou, datt d’Geriicht bei anere Cafetieren eventuell zu enger anerer Conclusioun kéint kommen, eben opgrond vun anere Bestëmmungen am Kontrakt.

Am Fall, wou een de Loyer net bezilt, besteet natierlech och d’Gefor, datt een op d’Strooss gesat gëtt, esou de François Koepp, deen op d’Problemer opmierksam mécht, déi e Betrib kéint kréien.

Scho wann ee Loyer feelt, ass de Betrib senge Verflichtungen net nokomm an da kann e Kontrakt gekënnegt ginn.
De François Koepp erënnert awer och drun, datt de Loyer zu 70 respektiv 90 Prozent an der Aide des coûts non couvert indemniséiert gëtt.

Bei engem, deen ëmmer bezuelt huet a wou ëmmer alles an der Rei war, a vläicht elo just wärend dem Covid net reegelméisseg bezilt, do tranchéieren d’Riichter eventuell anescht wéi do wou virdru Problemer waren. Dofir et ass ganz schwéier eppes Allgemenges ze soen. Ech kann net einfach soen, bezuelt Äre Loyer net méi.

“Wann een dat wëll: De Jugement ass kloer an et kann een dat, mä op där anerer Säit setzt ee säi Bail eventuell a Gefor, esou datt een eventuell gekënnegt kritt an dann huet een och säi Fonds de Commerce verluer.”

Fir de Rescht sollt ee senger Meenung no d’Urteel aus zweeter Instanz ofwaarden, a wann déi Riichter zur selwechter Conclusioun kommen, da kann ee säi Loyer zeréckfroen oder an de Méint dono ausgedoe kréien.

Back to Top
CIM LOGO