HesperZwou Medaile fir couragéierten Asaz

Christophe Hochard
Zu Hesper am Pompjeesbau goufen zwee Leit vun der Inneministesch ausgezeechent, Persounen, déi hiert eegent Liewe fir anerer op d'Spill gesat hunn.
2 Medaile fir couragéierten Asaz
Zu Hesper am Pompjees- Bau goufen zwee Leit vun der Inneministesch ausgezeechent, Persounen, déi hiert eegent Liewe fir anerer op d’Spill gesat hunn.

Et handelt sech ëm eng Auszeechnung, déi eréischt d’lescht Joer fir esou Situatioune geschafe gouf.

Virun iwwer 2 Joer gouf den Armand Trausch zum Schutzengel fir säi Papp. Mir schreiwen den 10. Dezember 2018. De Grégoire Trausch a säi Fils Armand hunn zu Räichel bei der Atert de Bord vum Floss gebotzt. E bemol héiert de Jong säi Papp ëm Hëllef ruffen.

No deeglaangem Reen ass d’Atert ëmmer méi wëll ginn. De Floss ass souguer aus sengem Bett geklommen. Den deemools 79 Joer ale Grégoire Trausch war vun engem Moment op deen aneren an enger liewensgeféierlecher Situatioun.

Ouni ze zécken ass den Armand an d’Atert gesprongen. Ee Grad kal war d’Waasser op dësem 10. Dezember 2018. De Mann huet säin eegent Liewe fir säi Papp op d’Spill gesat.

Fir säin heroeschen Asaz gouf den Armand Trausch elo mat enger Medail ausgezeechent.

De Grégoire Trausch fir säin Deel geet net méi ronderëm d’Atert botzen.

Vill Courage hat och den Ahmed Alabdulmohsen am Juni 2019. Deemools huet de jonke Mann e Jugendleche vu 17 Joer virum Erdrénke gerett. Geschitt war dëst am Stau.

Zanter 5 Joer wunnt den Ahmed hei zu Lëtzebuerg. A Syrien huet de Mann fir d’Rout Kräiz geschafft.

Den Armand Trausch an den Ahmed Alabdulmohsen sinn déi éischt zwou Persounen, déi mat dëser Medail ausgezeechent goufen.

Back to Top
CIM LOGO