Mam Begrëff Homeschooling verbënnt een den Ament virun allem d’Schoul op Distanz, wou d’Léierpersonal an d’Schüler Doheem sëtzen an iwwert de Computer verbonne sinn. Ma och an Net-Pandemie-Zäite gouf a gëtt et Homeschooling als Méiglechkeet, seng Kanner doheem selwer z’ënnerriichten. Eng Optioun, déi fir verschidde Famille grad an dësen ongewëssen Zäiten un Attraktivitéit gewonnen huet.
D’Chantal Reinert an d’Nora Pleimling-Casel ziele sech zu dëse Famillen. Béid Mammen hunn Ufank dës Joers decidéiert, hir 10 Joer al Kanner aus der Schoul erauszehuelen. Ausléiser war d’Decisioun, dass d’Kanner hir Masken an der Schoul permanent unhale missten. Den Entschloss hu se allebéid relativ kuerzfristeg getraff: Nach de selwechten Owend hu se sech iwwer déi rechtlech Schrëtt informéiert an eng offiziell Demande agereecht, wéi d’Nora Pleimling-Casel erkläert: “Et ass duergaange mat enger Mail. Ech hunn 2 Säite geschriwwen, wisou ech Wëlles hunn, d’Schoul doheem ze halen, hunn et rausgedréckt an agescannt an da via Mail dohi geschéckt. An do kritt een och séier eng Äntwert; also mir krute séier eng Äntwert, quasi den Dag drop.”
Dass Elteren ufroe kënnen, hir Kanner doheem z’ënnerriichten, ass zanter 1912 gesetzlech festgehalen. D’Zuel vun deenen, déi drop zréckgräifen, ass bis elo awer marginal. Vu ronn 50.000 Kanner, déi zu Lëtzebuerg den ëffentleche Fondamental besichen, ginn dëst Schouljoer grad emol 150 op eege Fauscht doheem ënnerriicht. Dat sinn der awer ëmmerhin ronn 27% méi wéi d’Joer virdrun, wou et der nach 118 waren.
D’Francine Vanolst, Chef de Service vum Enseignement fondamental, wëll an dës Entwécklung awer net ze vill eran interpretéieren: “Si huet sech liicht vergréissert, awer net an engem erschreckende Mooss, mir si jo nach ëmmer bei 150 Kanner. Et sinn der e puer méi wéi déi Jore virun, awer lo ouni, dass een dat kann un der Pandemie festmaachen (...) All d’Elteren hunn hir Grënn, firwat se dat ufroen, an do féiere mer Buch, dass mer e bësse gesinn, wat d’Leit motivéiert, an natierlech wann et lo an déi Richtung géif goen, dass d’Leit sech do géint de Schoulsystem stellen, misst ee kucken, firwat dass dat sou ass.”
Wéi den Unterrecht doheem ausgesäit, ass den Eltere fräigestallt, si verflichte sech just dozou, de Plan d’Etudes ze respektéieren an ze garantéieren, dass d’Kanner um Enn vum Joer och déi néideg Kompetenzen hunn. Dëst gëtt reegelméisseg vum jeeweilegen Uspriechpartner aus der Direktioun evaluéiert. Genee esou séier wéi een den Homeschooling ufroe kann, kann een en och erëm ofschafen. D’Schoul stellt allerdéngs keng Diplomer aus. Wann e Kand vum Homeschooling an de Lycée wiessele wëll, mussen d’Eltere bei de gewënschte Lycée hiren Dossier areechen.
Och d’Chantal Reinert wëll sech dës Optioun ophalen: “Si si lo ganz frou doheem an lo huet och kee vun deenen 3 de Wonsch, zeréck an d’Schoul ze goen. Vläicht kënnt dat awer op 7ième, dass se soen: Voilà. Dofir wëlle mer hinnen all d’Dieren oploossen an nieft dem Fräi sinn och déi schoulesch Kapazitéiten oprechtzehalen. Sou dass, wann en Opnamexame kënnt, se duerch dee genee esou gutt duerchgi wéi wa se en nom 6. Schouljoer géife maachen - a vläicht kënnt et sou, vläicht kënnt et net esou, vläicht kënnt alles anescht, wéi mer mengen.”