Vum 22. bis den 28. Februar351 Corona-Infektioune bei de Schüler an dem Léierpersonal

RTL Lëtzebuerg
Am Schreiwes vum Educatiounsministère heescht et, dass et keng Fäll am Zenario 4 gouf. Dat heescht, dass et keng Infektiounsketten an der Schoul gouf.
© RTL Archivbild

An der Woch vum 22. bis de 28. Februar gouf et am Ganzen 351 Corona-Fäll an de Schoulen zu Lëtzebuerg.

Vun den 351 Fäll ginn der 343 dem Zenario 1 zougeuerdent. Betraff waren 210 Klassen an ëffentlechen, wéi och a private Schoulen a Lycéeën an 2 Centres de compétences. Ënnert de Corona-Positiven am Zenario 1 waren et am Ganzen 310 Schüler a Studenten an 33 Enseignanten.

8 Fäll gouf et am Zenario 2, wou et deemno Infektioune bannent enger Klass gouf.

Am Zenario 3 a 4 gouf et keng Fäll.

PDF: Schreiwes vum Educatiounsministère

Back to Top
CIM LOGO