
Dat geet aus dem jéngsten Avis vun der CCDH ervir, an deem sech dës Kéier an der Haaptsaach op d’Ännerungen am Covid-Gesetz konzentréiert gëtt, déi d’Aktivitéiten an der Schoul a ronderëm betreffen.
E gesetzleche Kader, op deem nei Mesurë baséiere kënnen, déi am Schoulsecteur geholl ginn. D’Mënscherechtskommissioun hat sech dofir ausgeschwat an ass deemno elo enttäuscht, dass een am Educatiounsministère zeréckgeruddert ass, wéi de Jurist Max Mousel erkläert.
''Eiser Meenung no sollen déi selwecht Mesurë gëlle fir all déi concernéiert Leit. De selwechte Schutz an déi selwecht Rechter fir all Kanner. Onofhängeg dovun, ob si an enger privater oder ëffentlecher Schoul sinn. Mat enger gesetzlecher Basis hätt een eng juristesch Sécherheet.’'
D’Argument aus dem Educatiounsministère: E Gesetz géif wuel grouss konstitutionell Froen opwerfen. A Krisenzäite misst een och flexibel bleiwen a séier reagéiere kënnen. Der CCDH no si Restriktioune vun de Mënscherechter och méiglech, wa se legitiméiert sinn. An der Pandemie eben, wa se d’Gesondheet vun de Leit protegéieren.
Am adaptéierte Covid-Gesetz gëtt et zum Beispill eng Maskeflicht vum Cycle 2 un, wéi de Max Mousel erkläert.
''Wat aus epidemiologescher Siicht och ze justifiéiere ka sinn. Och aus kannerrechtlecher Vue. Et gi Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun, mä och vun der UNICEF, déi soen, dass de Mask eréischt bei Mënsche vu 6 Joer un eppes bréngt.’'
D’Mënscherechtskommissioun schwätzt sech dofir aus, fir méi konkret driwwer nozedenken, transparent Masken am Schoulbetrib anzesetzen, ganz allgemeng, mä prioritär emol fir Spillschoulskanner an hir Enseignanten.
''Dat ass wichteg, fir d’Sprooch ze léieren a fir déi psychosozial Entwécklung virun allem vun de jonke Kanner.’'
D’CCDH stellt och de Couvre-Feu a Fro. Déi wëssenschaftlech Evidenz vu senger Wierksamkeet géif feelen. Iwwerdeems wären Exceptiounen net kloer genuch formuléiert, erkläert de Max Mousel. De Jurist bedauert, dass d’Regierung wéineg aus de knapps 15 Avisen iwwer d’Covid-Gesetz vun der Mënscherechtskommissioun zeréckbehalen hätt.
''Do mierkt een awer schonn, dass déi ganz grouss Majoritéit vun eise Recommandatiounen net zeréckbehale ginn.’'
Den Ament géif d’Zäit feelen, fir de geneeë Suivi vun de ville Recommandatiounen ze maachen. D’Mënscherechtskommissioun hëlt sech dat awer vir.
