D’Wuelbefanne vun de Kanner a Jonken muss am Fokus stoen. Net just sanitär a schoulesch Oploen. Dat war ee vun den Haapt-Messagen an enger Reunioun tëscht dem Educatiounsminister mat den Hëllefs- a Betreiungsstrukture vun Aides à l’Enfance. Déi sech jo och ëm Jonker këmmeren, déi a Foyeren liewen.
Si hätte vill ënnert der Kris gelidden, sot um Freideg ze Moien jo d’Michèle Kridel, Direktesch vun der ASBL Solidarité Jeunes vun der Fondatioun Solina bei eis um Radio. D’Selbstmordversich an d’Ufroe fir Hëllef wären an der Pandemie wéinst de Covid-Restriktiounen an d’Luucht gaangen.
Den Educatiounsminister iwwerdeems rifft déi Erwuessen, ob Elteren, Enseignanten oder Educateuren, op, d’Gespréich mat Kanner a Jugendlechen ze sichen. Hinnen nozelauschteren an op Warnsignaler lauschteren. Net zécken, fir Hëllef ze sichen. Och wa verschidde professionell Strukture wéi Kannerpsychiatrien laang Waardelëschten hätten, esou géifen et awer aner Méiglechkeeten Hëllef ze sichen. Zum Beispill op der Hotline 8002 9393, awer och bei de Schoulpsychologen an de CEPASen.
