Coronavirus zu Lëtzebuerg2 Mënsche gestuerwen, vun 9.472 Tester waren der 285 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 788 geklomm ass.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 114 Persounen hospitaliséiert, dovunner 38 op der Intensivstatioun, een dovun aus dem Grand-Est.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 3.024 aktiv Infektiounen. 61.791 Persoune gëllen als geheelt.

1.047 Mënsche kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 160 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 166.724 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,96. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO