Eeler Leit a FleegeinstitutiounenCCDH: Leit vu soziale Kontakter ofschneiden, ass onmënschlech

RTL Lëtzebuerg
D'Qualitéit vu Strukturen a Servicer fir eeler Leit verbesseren, méi Transparenz a méi Flexibilitéit: Dat sinn d'Schlësselbegrëffer vum neie Projet de loi.
© AFP (Archiv)

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun CCDH begréisst, dass esou een neie Gesetzprojet ausgeschafft gouf, mä si maachen op Problemer doran opmierksam.

Avis CCDH Mënscherechter eeler Leit / Rep. Nadine Kremer

Nieft der Gefor de Coronavirus ze kréien, hätt nämlech och den Isolement ee groussen Impakt op déi eeler Leit a Fleegeinstitutiounen. Souwuel hir Gesondheet, wéi och hir Psyche an hir sozial Kontakt wieren immens ageschränkt gewiescht. Et wier onmënschlech, d'Leit vun hire soziale Kontakter ofzeschneiden, esou de Gilbert Pregno, President vun der Mënscherechtskommissioun.

Fir hir Gesondheet oprecht z'erhalen, huet een a Kaf geholl, dass déi Leit kéinte vu psychologesche Misär stierwen.

Begréisst gëtt, datt esou Situatiounen an Zukunft sollen duerch e gesetzleche Kader evitéiert ginn.
Allerdéngs géing den aktuelle Projet keng Léisunge bidden, well d'Institutioune weiderhi gréisstendeels sech selwer iwwerlooss sinn. An der Pandemie hätt sech awer gewisen, dass dat net funktionéiert, esou den Jurist Max Mousel.

Déi ethesch a mënschlech Problemer goufen eiser Meenung no bis haut net genuch berécksiichtegt. Esou war et plazeweis effektiv méiglech, fir d'Leit anzespären oder och d'Visitte komplett ze verbidden, ouni dass et do minimal Reegele goufen, déi allgemeng misste respektéiert gi vun all den Haiser.

D'Mënscherechtskommissioun fënnt donieft, dass et eng extern Instanz misst ginn, déi d'Anhale vun de Mënscherechter an de Strukturen iwwerwaacht. De Gesetzprojet géif dofir en Ethikcomité virgesinn. Hei géifen et awer ze vill Limitatioune ginn.

Eng vun deene gréisste Froen ass, firwat sech hei elo just op situations de fin de vie konzentréiert gëtt, mä firwat net eventuell esou ee Comité allgemeng an all Situatioun kéint ageschalt ginn, wou et Aschränkunge vu Mënscherechter gëtt.

D'Fleegepersonal misst iwwerdeems méi valoriséiert ginn a bräicht spezifesch Formatiounen am Beräich vun de Mënscherechter.

Och eeler Leit mussen d'Recht hunn, autonom liewen ze kënnen, wa si dat da wëllen. Se musse kënnen decidéieren, wou a wéi si wëlle liewen, natierlech mat den néidegen Hëllefen. Si hunn och ee Recht op Familljeliewen an eng Privatsphär an eng sozial a kulturell Inclusioun.

Fir unzefänken misst Lëtzebuerg déi revidéiert Versioun vun der europäescher Charta iwwer sozial Rechter ratifizéieren, an där och wichteg Rechter fir eeler Leit virgesi sinn, esou d'Mënscherechtskommissioun.

Back to Top
CIM LOGO