
Op der Plaz hunn d'Beamte vun der Police dunn och effektiv e Mann begéint, deen an engem oppenen Auto souz a probéiert hat de Radio vum Auto erauszehuelen.
De Mann gouf opgefuerdert d'Gefier ze verloossen an sech z'identifizéieren. Dëst gouf awer refuséiert an den Täter huet du probéiert de Beamte mat engem Stéck Geschier z'attackéieren. De Mann konnt awer kuerz drop immobiliséiert ginn.
Well de Mann sech net berouege wollt an eng Gefor fir sech an aner Leit duergestallt hat, koum hien, no engem medezineschen Check, an Arrest a gouf protokolléiert.
En Donneschdeg de Muere fréi ass der Police dann an der Rue de la Semois an der Stad e Gefier opgefall, dat de Beamten entgéint koum an nach sou just auswäiche konnt, fir dass et net zu enger Frontalkollisioun koum. Bei der Kontroll hunn d'Beamten du festgestallt, dass de Mann alkoholiséiert war an och géint d'Ausgangsspär verstouss hat. Et ass also en Deieren Owend fir den Automobilist ginn.
E Mëttwoch koum et dann op der Place de la Gare ab der Stad nach um kuerz vir 7 Auer Owes zu enger gréisserer Kläpperei tëscht e puer jonke Persounen. Eng Persoun gouf liicht mat engem klenge Messer blesséiert. D'Affer gouf nach op der Plaz medezinesche versuergt, wollt allerdéngs net an d'Spidol. 4 vun den Täter konnten identifizéiert ginn, d'Dot-Waff konnt séchergestallt ginn.