Coronavirus zu LëtzebuergVu 7.510 Tester waren der 194 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 790 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 105 Persounen hospitaliséiert, dovunner 33 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 3.034 aktiv Infektiounen. 62.183 Persoune gëllen als geheelt.

2.602 Mënsche kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis, fir 513 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 173.153 Dosisse gesprëtzt

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO