
Dës Zuelen deelen d’Ministere Bofferding, Gramegna a Kox mat, nodeem de Piraten-Deputéierten Marc Goergen drop opmierksam gemaach huet, datt duerch Radaren a Pecherten 2019 ronn 2,7 Milliounen Euro Recetten an der Staatskeess generéiert goufen. D’Zuel vu Protokoller, déi d’Agent-municipalle schreiwen, geet iwwert d’Jore permanent an d’Luucht... wann et der 2013 nach ronn 276.000 waren, sou waren et der 6 Joer drop ewell iwwer 452.000.
Natierlech goung parallel och d’Zuel vu Pecherten an d’Luucht: op ausgesicht 21 Gemengen gekuckt, goufe fir dëst Joer ronn 250 Agent-municipalle gezielt, wouvunner der 111 eleng an der Stad schaffen a 40 zu Esch.