Bilan vun der Banque et Caisse d’Epargne de l’EtatD'Spuerkeess huet en Nettogewënn vun 135 Milliounen Euro gemaach

RTL Lëtzebuerg
D'Spuerkeess huet zejoert een Nettoresultat vun 135 Milliounen Euro virgeluecht. Dat si 26 Prozent manner ewéi nach 2019.
D'Spuerkees huet en Nettogewënn vun 135 Milliounen Euro gemaach / Rep. Frank Elsen
Dat si 26 Prozent manner ewéi nach 2019. Dat huet d’Bank e Freideg de Mëtten op enger Pressekonferenz annoncéiert.

Dat huet d’Bank e Freideg de Mëtten op enger Pressekonferenz annoncéiert. Donieft ass een op d’Zäite vun der Coronapandemie agaangen, wou d’Bank de Betriber mat Kreditter gehollef huet. D’Spuerkees huet zejoert een Nettogewënn vun 135 Milliounen Euro virgeluecht. Dat si 26 Prozent manner ewéi nach 2019. D’Bank erkläert dës Baisse, well héich substantiell Provisioune gemaach goufen.

D’Coronakris stellt vill Betriber an Independanteë virun enorm Erausfuerderungen. A ville Secteure sinn d’Ëmsätz staark agebrach. An esou Situatioune stoung d’Bank de Clienten zur Säit. Zejoert goufen eng 4.400 Moratoiren accordéiert.

D’Spuerkeess schafft dann och anescht wéi 2019. 30 Prozent vum Personal schaffen aktuell op verschiddene Standuerter. Deen aneren Deel schafft vun doheem aus. Jiddereen am Homeoffice notzt ee geséchert IT-Equipement vun der Bank.

Back to Top
CIM LOGO