ZéissengAn der Nuecht op e Sonndeg hat et an engem eidelen Haus gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, huet et e Sonndeg um 2.45 Auer zu Zéisseng gebrannt.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi d'Police um Sonndeg de Mëtteg matgedeelt huet, war d'Feier an der Rue d'Auson an engem eidelen Haus ausgebrach. D'Gebai ass komplett zerstéiert ginn. D'Pompjeeë konnten duerch e séiert Agräifen verhënneren, dass d'Flamen op ugebaute Haiser iwwergräifen. D'Leit an deenen Haiser waren evakuéiert ginn.

De Miess- an Erkennungsdéngscht  vun der Police judiciaire gouf fir eng Enquête op d'Plaz geschéckt.

Weider Tëschefäll

Eng Persoun gouf e Samschdeg den Owend géint 18.40 Auer um Schorenshaff blesséiert, wéi se mat hirem Motorrad gefall ass. Och zu Wolz war e Motocyclist accidentéiert a gouf blesséiert.

Zwee Blesséierter gouf et bei engem Accident zu Berbuerg. En Automobilist war hei an e Bam gerannt an a sengem Won ageklemmt ginn. Nodeems hie befreit gouf, koum de Mann schro blesséiert an d'Spidol.

E Sonndeg de de Moie kuerz viurn 10 Auer krut een Automobilist ee Potto beim Parking vum Akafszenter Mierscher-Bierg ze paken a gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO