Vill ze dinn fir d'Police3 Mol wollte Brigange Halskette klauen, 5 Virfäll wéinst Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, hate si e Samschdeg den Owend an an der Nuecht nawell e bëssen eppes ze dinn.
© Police Archivbild

An der Stad koum et zu Tëschefäll, bei deene Brigange wollten eng Halskette klauen.

Um 15.30 Auer haten 3 jonk Männer e Foussgänger op der Kräizung Avenue de la Gare – rue du Fort Neipperg ugeschwat. D'Affer krut d'Kette vum Hals gerappt an déi Onéierlech si fortgelaf.

Änlech war den Tëschefall um 18.15 Auer bei der Place de la Gare op der Héicht vun der Passerelle fir op Bouneweg an nach emol um 21.15 Auer an der Avenue Monterey.

An den 3 Fäll waren 3 jonk Männer involvéiert an et gouf spéider um Policebüro eng Plainte deposéiert. Kengem ass eppes geschitt.

Alkohol um Steier

A 5 Fäll huet d'Police missen agräifen, well Automobilisten ze déif an d'Glas gekuckt hunn.

Dat war géint 17.30 Auer no engem Accident op der Héicht vun der Esplanade zu Dikrech. Um 22.50 Auer dann ass de Beamten en Auto op der A13 an Direktioun Esch opgefall, deen am Zickzack ënnerwee war.

A béide Fäll gouf et e Protokoll an e provisoresche Fuerverbuet.

Kuerz no Hallefnuecht war nach e Won um Schléiwenhaff am Zickzack ënnerwee.

Géint 0.10 Auer ass e Chauffer ugehale ginn, deen um Boulevard G.-D. Charlotte duerch eng rout Luucht gefuer war. Nom positiven Alkoholtest goufe den Auto ofgeschleeft, well och d'Pabeieren net an der Rei waren.

Géint 1.10 Auer gouf nach e leschte Chauffer gepëtzt, deen ze vill gedronk hat. Dat an der Rue Fraschepeilchen zu Ierpeldeng-Bus.

Bei de leschten 3 Automobiliste gouf et net just e Protokoll wéinst Fueren ënner Alkoholafloss, d'Persounen haten donieft géint d'Ausgangsspär verstouss.

Trickdéiwen zu Recken op der Mess

Zwee Männer haten e Samschdeg géint 14.50 Auer eppes an engem Bistro bestallt. An der Zäit, wéi d'Commande preparéiert gouf, hunn déi Onéierlech en Handy, deen hannert dem Comptoir louch, agestach. Wéi si d'Gedrénks sollten zerwéiert kréien, hunn déi Zwee d'Glieser refuséiert a si nees gaangen. Kuerz Zäit drop, ass dat Ganzt dunn opgeflunn an d'Police gouf informéiert. Eng gouf eng Plainte gemaach.

Protokoll wéinst Schaffen ouni Erlabnes

Der Police sinn e Samschdeg kuerz no 11 Auer 2 Aarbechter an der Avenue Grand-Duc opgefall. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass si keng Aarbechtserlabnes haten. Op Uerder vum Parquet gouf protokolléiert an d'Geschier wéi och d'Material an d'Gefier vun den Aarbechter sécher gestallt.

Signaléiert Persoun ermëttelt

Bei enger Persounekontroll géint 20.30 Auer zu Wolz an der Rue General Patton konnt e Mann ermëttelt ginn, dee mat Mandat d’amener gesicht gouf. Hie gouf festgeholl a koum nach e Sonndeg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO