Egalitéit an der SchoulWisou sech tëscht rosa a blo entscheeden?

Monica Camposeo
De Ministère fir d'Gläichheet tëscht de Geschlechter wëll mat Aktivitéiten a Schoulen d'Kanner encouragéieren.
Egalitéit an der Schoul
All Kand soll sech fräi kënnen entfalen

De Message: All Kand, egal ob Jong oder Meedchen, soll sech fräi kënnen entfalen. Mat um Terrain war dës Woch d’Ministesch Taina Bofferding. D’Monica Camposeo war mat dobäi an huet nogefrot, wéi d’Kanner selwer dee Sujet empfannen.

Egalitéit an der Schoul - Reportage vum Monica Camposeo

Et gouf vill diskutéiert an iwwerluecht, wéi de Ministère fir d’Egalitéit tëscht de Geschlechter op Diddeleng an d’Grondschoul komm ass. Ma séier ware sech d’Kanner eens, wann e Jong an der Schoul ausgelaacht gëtt, well en e rosaen T-Shirt unhuet, dann ass dat onfair. Och aner Beispiller wossten d’Kanner aus hirem Alldag ze zielen.

Lilly: Mäi Brudder huet vill Lego-Technik an dat sinn ëmmer Autoen. A wann hie seet, dass ech net domadder spillen dierf, well ech e Meedchen sinn, dann fannen ech dat schonn onfair.

Wann eppes ongerecht ass, erkennen d’Kanner dat ganz séier a si fillen sech net gutt behandelt. Am Verglach zu de fréiere Generatiounen, hätt sech do awer scho villes gedoen, weess d’Léierin vum Cycle 4.1.

Jessica Mack: Eis Kanner si gewinnt, hir Meenung ze soen, nach vill méi wéi vläicht meng Generatioun. Si bemierken, wann eppes net richteg ass an dat kann och mol am Schoulalldag sinn. Mä da soe si, dass dat net richteg ass esou.

A genee dat sollen d’Aktivitéiten vum Egalitéitsministère ënnerstëtzen. D’Ministesch Taina Bofferding, déi sech d’Atelieren dës Woch selwer ugekuckt huet, war iwwerrascht, wéi opmierksam d’Kanner op Ongerechtegkeete reagéieren.

Taina Bofferding: “An dass dat si och opreegt, dass si net frou doriwwer sinn a se och selwer gezielt hunn, dass emol e Jong ausgelaacht ginn ass, well en e rosaen T-Shirt hat, obwuel en awer dee rosaen T-Shirt gutt fënnt, an dofir huet en en och ugedoen. An dat fannen ech natierlech ganz staark vun de Kanner, dass si selwer drop opmierksam maachen, dass dat doten u sech ongerecht ass an dass dat net richteg ass.”

Jean-Claude Bisenius: Dat heite war schonn eng aussergewéinlech Klass. Wéi ech z.B. gefrot hunn, dass si solle molen, wien d’Brigangen an de Prisong bréngt, do hunn der vill e Polizist an eng Polizistin gemoolt, dat kënnt net sou heefeg vir normalerweis.
De Jean-Claude Bisenius aus der Educatiounsekipp vum Egalitéitsministère ass zoustänneg fir d’Atelieren an de Klassen. D’Kanner hu sech interesséiert gewisen a ware frou, dass d’Thema mol ugeschwat gëtt.

© Monica Camposeo / RTL

Back to Top
CIM LOGO