
Dat nodeems den David Wagner vun déi Lénk den Asaz vun Technologien an de Schoulen deels kritesch hannerfrot hat. Déi pedagogesch Evaluatioune géife weiderhi vum Léierpersonal gemaach ginn, net vun artifizieller Intelligenz, betount de Claude Meisch.
De Minister verdeedegt awer d’Entwécklung, dass d’technologesch Outile verstäerkt an de Schoulen agesat ginn. Vun der Multinationale “Microsoft”, vun där an de Lëtzebuerger Schoule vill Produiten ze fanne sinn, kéint een halen, wat ee wëll. D’Outile wéi de Programm “Teams” hätte sech awer bewisen, betount de Claude Meisch, virun allem rezent am Unterrecht doheem.
Iwwerdeems géif den Educatiounsministère och mat klengen nationalen an internationale Start-Uppe schaffen. De Schoulsecteur soll net ofhängeg si vun Entreprisen. Eenzege Krittär wär, wéi performant an effikass e Produit wär, esou de Schoulminister.