Vum 3. bis den 9. Mee297 Infektiounen an de Schoulen, nees eng Infektiounsketten am Lycée Vauban

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Woch sinn 297 Corona-Fäll an de Schoulen detektéiert ginn, dat deelt den Educatiounsministère mat.

Déi allermeeschte waren Eenzelfäll mat 251 Infektioune an 104 verschiddene Schoulen an 2 Kompetenzzenteren.

31 Fäll goufen am sougenannten Zenario 2 registréiert, dat an 10 Primärschoulen an 11 Lycéeën. An am Zenario 3 goufen 11 Fäll a 6 Schoulen erfaasst. Hei waren 3 bis 5 Infektiounen an enger Klass opgetrueden.

En Zenario 4 gouf et d’lescht Woch mat 4 positive Fäll. Och dës Kéier nees am Lycée Vauban. Do gouf et an der Woch vum 19. op de 25. Abrëll schonn eng Infektiounskette mat 6 Schüler op de Ofschlossklassen, déi positiv getest gi waren. Dës Kéier si wéi gesot 4 Schüler betraff.

PDF: Detailer vum Educatiounsministère

Back to Top
CIM LOGO