De Jugendchômage ass zejoert – am Coronajoer – staark an d’Luucht gaangen an dat mécht der Chambre des Salariés Suergen.

Jugendchômage / Reportage Carine Lemmer

Tëscht Abrëll 2019 an Abrëll 2020 gouf et eng Hausse vun iwwer 43%, e Plus vu 612 Jonken. Am Mee zejoert ware souguer ronn 59% méi Jonker am Alter tëscht 16 a 24 Joer op der Sich no enger Schaff. Enn des Joers huet sech d’Situatioun verbessert, mä nach ëmmer waren eng 20% méi Jonker bei der ADEM gemellt.

Dat hat och Auswierkungen op d’Beruffsausbildung, huet d’CSL analyséiert. D’Zuel vun de Kontrakter ass zwar relativ stabel bliwwen. Bei de CCPen – deen Ofschloss riicht sech un déi schwächste Schüler – gouf et allerdéngs déi niddregsten Zuel vu Kontrakter zanter 10 Joer.

Allgemeng hu wéinst Corona och däitlech manner Jonker eng Ausbildungsplaz gesicht, bal -12%. 1/5 vun de Léierplazen gouf zejoert net besat, dat sinn der vill méi (+158%) wéi soss déi Joren.

D’Situatioun wär fir déi Jonk scho schwiereg genuch, seet d’Presidentin vun der Chambre des Salariés Nora Back. Déi Generatioun misst ee protegéieren an hinnen eng gutt Beruffsausbildung garantéieren. D’CSL proposéiert dowéinst ënnert anerem, datt aktuell Mesuren wéi eng Primm fir Betriber, déi ausbilden, oder méi e laangen Delai, fir eng Léierplaz ze fannen, och nach dat nächst Schouljoer weidergefouert ginn.