Coronavirus zu LëtzebuergVun 8.725 Tester waren der 49 positiv, kee weidert Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 808 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 61 (-2) Persounen hospitaliséiert, dovunner 29 (+1) op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 1.812 aktiv Infektiounen. 66.619 Persoune gëllen als geheelt.

An de leschte 24 Stonne goufe 5.287 Leit eng éischte Kéier an 1.300 Leit eng zweete Kéier geimpft. Am Ganze goufe bis ewell 291.503 Dosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,92. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO