
D’Gewerkschaften SEW, APCCA an APESS kritiséieren, datt den Educatiounsminister Meisch net mat hinne geschwat hätt.
Datt Premièresschüler, déi en Ofschloss an de Sciences sociales hunn, d’Educateur-Formatioun an engem, amplaz an 3 Joer kéinte maachen, géif e Verloscht vu Qualitéit mat sech bréngen. An engem Joer kéint een net déi néideg theoretesch a praktesch Kompetenze kréien.
Dowéinst fuerderen d’Gewerkschaften, datt de Reformprojet direkt zeréckgezu gëtt.