Manktem un diploméierten EducateurenEt soll een dem Pilotprojet eng Chance ginn, seet de Minister Claude Meisch

RTL Lëtzebuerg
Wärend der Froestonn an der Chamber ass et och ëm de Manktem un diploméierten Erzéier gaangen an de Pilotprojet, dee jo an der Kritik steet.
© RTL Archiv

D’LSAP-Deputéiert Simone Asselborn-Bintz wollt vum Minister Claude Meisch wëssen, ob hien de Manktem un diploméierten Erzéier kéint erklären, vun deem dës Lescht dacks besonnesch am Kader vun enger neier Karriär fir den Ofschloss vum diploméierten Educateur rieds war.

De Claude Meisch huet betount, datt 2019 eng 800 Poste fir en Educateursdiplom ausgeschriwwe gewiescht wieren a setzt dës Zuel a Relatioun.

Claude Meisch: “Ech well awer villäicht kuerz nach eng Kéier déi Zuel 801 publizéiert Posten, offres d’emploien, fir ee Joer vergläiche mat deem, wat momentan am LTPES ausgebilt gëtt. Dat war fir dat selwecht Joer, also 2019, 139. Ech mengen do gëtt engem kloer, datt awer do eng grouss Diskrepanz ass, an datt mer e Problem hunn.”

De Chiffer vu Leit, déi den Ament ausgebilt ginn, kann also net duergoen. Eleng fir d’Services d’éducation et d’acceuil a Crèchen a Maisons relais zesummen, geet de Ministère dovunner aus, datt pro Joer ëm 250 zousätzlech Educateure géinge gebraucht ginn. 340 Persounen hätten dogéint 2019 eng Première op enger Section Sciences sociales ofgeschloss, no där een elo och soll kënnen en Ofschloss als diploméierten Educateur maachen. Engem Pilotprojet soll een opgrond vun dëse Chifferen dofir op d’mannst eng Chance ginn, seet de Minister.

Back to Top
CIM LOGO