Claude Meisch„Summer School soll och no der Kris weiderlafen"

Fanny Kinsch
D’LSAP, déi d’Aktualitéitsstonn ugefrot hat, huet drop opmierksam gemaach, datt d’Ongläichheete wärend der Pandemie geklomme sinn.

Chamber iwwer Schoulrentrée 2021 / Reportage Fanny Kinsch

D’Summer-Schoul déi lescht 2 Woche vun der grousser Vakanz soll och no der Pandemie e feste Bestanddeel vun der Offer an der Educatioun ginn, dat sot den zoustännege Minister Claude Meisch an der Chamber. Hei war op Ufro vun der LSAP eng Aktualitéitsstonn iwwert d’Rentrée nächste September.

Et wier gutt, datt d’Schoulen zu Lëtzebuerg zu engem groussen Deel opbliwwe sinn, sou d’LSAP-Deputéiert Francine Closener, an awer hätten d’Pandemie an déi sanitär Mesuren hir Spuere bei de Schüler hannerlooss.

Dat, wat déi Jonk guer net gutt verdroen hunn, dat waren déi stënterlech Changementer, d’Ongewëssheet. Si brauchen, esou wäit et ebe geet, ee klore Plang, zouverlässeg Aussoen, zouverlässeg Strukturen. Dofir wier et wichteg, elo déi verschidden Zenarien ze definéieren an och ze kommunikéieren.

D’Ongläichheete wieren an der Pandemie geklommen, sot d’LSAP-Deputéiert Francine Closener, dat hätten d’Epreuves standardisés am Primaire gewiseen

Extrait Francine Closener

“Wärend d’Kanner aus engem sozio-ekonomesch favorabelen Ëmfeld souguer Punkte konnte bäileeën, verléieren déi sozial benodeelegt Kanner u Punkten. Och am Secondaire hu quasi all d’Schüler aus den ënneschte 25% Punkten agebéisst. Dat kann een net ignoréieren, ons beonrouegen, déi Feststellungen op alle Fall.”

Den Educatiounsminister Claude Meisch sot et géing reagéiert ginn, huet awer relativéiert.

Extrait Claude Meisch

“Och wann dat wat mer gefaart hunn net an deem Mooss agetratt ass, wéi zum Beispill en Abrieche vun de Kompetenze bei de Schüler, sou wéi d’Epreuves standardisés et erginn hunn, dat déi jo awer éischter an der Continuitéit louchen, net méi signifikativ Ännerunge waren, wéi déi Jore virdrun. An do, wou se da méi signifikativ waren, se och ganz gutt z’erkläre sinn, musse mer awer dorop reagéieren.”

An den Ae vun der CSV misst de Covid-Check och an de Schoulen agefouert ginn, sou d’Fraktiounscheffin Martine Hansen.

Dat heescht och do, déi 3 Grënn, geimpft, genesen a getest, wann een dat huet, dann huet ee méi Fräiheeten, da muss een d’Konsequenzen upassen, also muss een och do iwwert d’Masken-Droen an der Schoul diskutéieren. Am Prinzip misst dat elo scho geschéien. Well déi Jugendlech kënnen u sech bei e Covid-Check-Bal goen, mä an der Schoul musse se nach ëmmer mat der Mask do sëtzen, da solle mer ebe Mol an der Woch testen, da si mer Covid-Check-konform.

Fir d’Rentrée 2021/22 wiere warscheinlech e groussen Deel vun de Schüler nach net geimpft ginn, sot den Educatiounsminister Claude Meisch an der Chamber. Wéi eng sanitär Mesuren dee Moment néideg wieren, kéint hien nach net soen, do kéint ee just probéieren, an d’Glaskugel ze kucken.

Wéi et genee ass, de 15. September mat de Masken, wéi et genee ass mat den Tester, mat wéi engen Tester, ob et nei Tester gëtt, alles dat ass haut nu wierklech ze fréi, fir dat mat Sécherheet kënnen ze soen.

An den nächste Woche géing hien d’Acteuren aus der Schoul consultéieren, fir d’Rentrée am September ze preparéieren, ma och fir z’evaluéieren, wéi eng Methoden an Outilen aus der Kris och duerno kënne bäibehale ginn, sou den Educatiounsminister, dorënner och d’Summer-Schoul.

Back to Top
CIM LOGO