CGDISZu Mënsbech gouf e Cyclist vun engem Auto ugestouss

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie géint 8 Auer ass an der Rue Principale zu Mënsbech e Cyclist vun engem Auto ugestouss ginn. Eng Persoun gouf blesséiert.
© AFP/Archiv

Op der Plaz waren d’Pompjeeë vun Nidderaanwen an d’Ambulanz vun Iechternach.

Kuerz no 9 Auer sinn zu Hollerech an der Rue de Bouillon 2 Autoen net laanschtenee komm. Och hei gouf 1 Persoun verwonnt. D’Stater Ambulanz a Pompjeeë waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO