Äntwert op parlamentaresch FroZu Lëtzebuerg ginn et 30 Cipaen an 22 Fleegeheemer

RTL Lëtzebuerg
Derbäi kommen 13 Logements encadrés. Dat äntwert d'Familljeministesch Corinne Cahen dem LSAP-Deputéierte Georges Engel op eng parlamentaresch Fro.
© AFP Archivbild

Enn Dezember zejoert goufen et an de Cipaen 3.457 Residenten. Dës haten an der Moyenne ronn 84 Joer a si bleiwen am Duerchschnëtt knapp 5 Joer.

An de Fleegeheemer waren am Dezember 2.305 Persounen ënnerbruecht. Dës haten am Schnëtt gutt 82 Joer a bleiwen an der Moyenne ronn 3 an en halleft Joer do Resident.

421 Leit waren um genannten Datum Resident vun engem Logement encadré. Si haten am Duerchschnëtt ronn 74 Joer a bleiwen an der Moyenne gutt 3 Joer.

Knapp 1% vun der Bevëlkerung lieft an enger vun de genannte Strukturen. Vun de Persounen iwwer 65 Joer sinn et 6,6%

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Georges Engel noliesen.

Back to Top
CIM LOGO