Um Wämper Séi kann ee schwamme goen ouni Umeldung.
Um Stauséi brauch een zënter dem 22. Mee eng Reservatioun, fir sech op eng vun de 6 Wise ronderëm de Stauséi ze leeën a schwammen ze goen. Dat fir all Dag an der Woch. Geet ee spadséieren oder Kayak a Stand-up Paddel fuere brauch ee keng. Reservatioune si momentan bis de 15. August méiglech an eng Persoun ka maximal 5 Tickete mateneen huelen. Huet een eng Reservatioun gemaach an et kann een net goen, da soll een dës per Mail op info@visit-eislek.lu stornéieren. Den Accès op d’Wisen ass tëscht 7 an 23 Auer begrenzt.
Um Wämper Séi brauch ee keng Reservatioun. Et gëtt keng zäitlech Begrenzung, fir beim Séi ze sinn.
Den Accès mam ëffentlechen Transport ass bis op d’Endstatioun bei der Wiss um Stauséi op Mobilitéit.lu ze fannen. D’Busser fueren de Summer iwwer méi laang. Déi gratis Stauséi-Navette fiert emol d’Stonn vun Esch-Sauer aus a béid Richtunge ronderëm de Stauséi. Vum grousse Parking zu Esch-Sauer ass een dann a 6 Minutten zu Lëlz, an 9 Minutten zu Ënsber an a 14 Minutten zu Léifreg. Zu Ënsber fiert um Weekend e Shuttle-Bus vum gratis Parking “Am Keilert” bis op d’Fuussefeld. De Parking bei der Plage I an der Plage II zu Ënsber kascht 10 Euro fir Autoen a 6 Euro fir Motoen.
Zu Wäiswampech ginn et 3 gratis Parkinge ronderëm de Séi.
Grillen ass um Stauséi an dem Wämper Séi erlaabt, allerdéngs nëmme mat engem Grill, dee keng Spueren op der Wiss hannerléisst. Op dem Fuussefeld zu Ënsber sinn e puer fest Grillen installéiert a kënne vu jidderengem benotzt ginn. Fir Feier an de Poubellen ze vermeiden, mussen d’Kuele komplett mat Waasser geläscht ginn, éier se entsuergt ginn.
Am neie Gemengereglement vun der Gemeng Esch-Sauer gouf dëst Joer festgehalen, dass keng Hënn a keng haart Musek op de ronderëm de Stauséi erlaabt sinn.