Stater Police op der GareBei Drogendeal intervenéiert, 23 Droge-Bulle confisquéiert

RTL Lëtzebuerg
Eng Persoun koum no der Interventioun vun der Police virun den Untersuchungsriichter deen hei e Mandat d'Arrêt géint de Mann ausgeschwat huet.
© RTL Archiv

Bei engem Drogendeal bei der Gare an der Stad Lëtzebuerg konnt en Dënschdeg den Owend d’Police fréi genuch intervenéieren, nodeems de Verkeefer dem Keefer 6 Droge-Bullen iwwerreecht huet. Béid Persoune goufe vun der Police ugehalen. No enger klinescher Ënnersichung vum Deeler, déi vum Parquet ordonéiert gouf, goufen am Ganzen 23 Bulle mat Droge fonnt. Den Untersuchungsriichter huet hei en Dag drop e Mandat d’Arrêt géint de Mann ausgeschwat huet.

Eng weider Persoun, déi an sech zu deem Zäitpunkt net Deel vum Asaz war, ass virun der Police fortgelaf an huet dobäi e puer Bulle mat Drogen ewechgehäit. Am Ganze waren et 4,7 Gramm Heroin a 4,4 Gramm Kokain. D’Drogen, d’Boergeld an 2 Handye goufe confisquéiert, nodeems d’Police de Mann gestallt hat.

Back to Top
CIM LOGO