Broschür vum OGBLOpklärung iwwer sexuell Belästegung an doriwwer, wou een Hëllef fënnt

Monica Camposeo
Eleng an de leschte Méint goufen zwee Fäll vu sexueller Belästegung an der Schoul medial opgegraff.
© AFP

Sexuelle Belästegung an der Schoul ass e Problem, iwwert dee méi soll geschwat ginn. Dowéinst huet den OGBL dës Woch eng nei Broschüre presentéiert, fir dorop opmierksam ze maachen.

Broschür géint sexuell Belästegung / Monica Camposeo

An de leschte Méint goufen zwee Fäll vu sexueller Belästegung a Lycéeë medial opgegraff. Ma dat wier nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg, schreift den OGBL am Communiqué. Et wier e Problem, deen allgemeng an der Populatioun present ass a virun der Schoul och keen Halt mécht, esou d’Milena Steinmetzer

“Well dat natierlech net just Schüler*inne betrëfft, mä och Proffe ka betreffen. An et ka vun alle méigleche Leit ausgoen a genee sou gutt kann et och all méiglech Leit betreffen. Dowéinst war dat och gutt, fir zu dräi zesummenzeschaffen. Dee jonken Deel vum OGBL, de Fraen-Departement an eben d’Vertriedung vun de Proffe beim OGBL.”

Ausgeschafft gouf eng Broschür, déi een an Lëtzebuergescher, franséischer an englescher Sproch an de Lycéeë fanne kann. Besonnesch wichteg wier et, dass doriwwer geschwat gëtt an de betraffene Leit nogelauschtert gëtt. Nëmme wann de Problem ugeschwat gëtt, kann och no enger Léisung gesicht ginn. Mä wat ass, wann een an enger Schoul ass, déi Fäll vu sexueller Belästegung am Léifste wéilt ënnert den Teppech kieren?

“Wann een an enger Schoul ass, wou ee mierkt, dass deem net Gehéier bruecht gëtt, da gëtt et ëmmer nach d’Méiglechkeet, bei d’Police ze goen. An eiser Broschür ass och eng Säit mat deene verschiddene Stellen, wou ee sech ka mellen als betraffene Proff, mä och als betraffe Schüler*in. Wou ee kann hëllef sichen, mä wou een och kann Plaintë maachen a sou weider. Well dat och e wichtegen Deel dovunner ass.”

Fir den OGBL ass et wichteg, dass et och Konsequenze gëtt fir eng Persoun, déi eng sexuell Belästegung mécht. An dass et allgemeng gewosst ass, dass esou e Virfall och reell Suitten huet. Um Terrain géing een nämlech mierken, dass sexuell Belästegung am Alldag e Problem ass, deen een u sech net generaliséiere kann, well e jidderee ka betreffen, esou d’Milena Steinmetzer. Eppes wier awer opgefall.

“Dass et statistesch gesi méi dacks Fraen oder Meedercher sinn, déi betraff sinn. An dass déi Gewalt u sech méi dacks vu Männer ausgeet. Dat heescht, et ass elo net, dass et ëmmer e Mann ass, deen et mécht oder ëmmer eng Fra ass, déi betraff ass, et kann och ëmgekéiert sinn. Oder e Mann, deen et un engem Mann mécht an esou weider, mä et ass awer statistesch gesi scho kloer, dass d’Frae méi dacks betraff sinn an den Täter méi dacks e Mann ass.”

Als Gewerkschaft wier den OGBL nawell heefeg mam Thema vun der sexueller Belästegung konfrontéiert. Dacks géinge sech déi betraffe Persoune net trauen, Hëllef ze froen. A genee dowéinst soll sech mat der neier Broschür jiddereen iwwert seng Rechter kënnen informéiere.

PDF: De Communiqué vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO