
Eng ëffentlech Petitioun géint de Projet huet de Seuil vun den néidegen Ënnerschrëften, fir kënnen an der Chamber diskutéiert ze ginn, well iwwerschratt. Wéi d’Associatioun vun den Educateuren an Educatricen an engem Communiqué schreift, wier et d’lescht Woch zu enger éischter Entrevue mam Educatiounsminister Claude Meisch komm.
Et wier en éischte Schratt a Richtung Qualitéitssécherung an der Educateursausbildung gewiescht. Si hätte vum Minister komplett Transparenz zougeséchert kritt. Vetrieder vun hirer Associatioun wäerte Member an der Evalutatiounsekipp sinn, déi de Pilotprojet begleet. An et sollen net manner Schüler an den normalen Educateursklassen op 2e a 1e opgeholl ginn.
Am Kader vum ëmstriddene Pilotprojet soll d’nächst Schouljoer am LTPES an an der Ecole nationale pour adultes eng Formatioun vun engem Joer ugebuede ginn, all Kéiers mat maximal 20 bis 23 Schüler. Zil ass et, méi Educateuren auszebilden.