
De Chauffer gouf nach op der Plaz behandelt, éier en an d’Spidol transportéiert gouf. Den Alkoholtest war positiv, ouni awer dass de Führerschäin hätt missen agezu ginn.
Zu Féiz an der Rue du Brill ass enger Policepatrull géint 2 Auer moies eng Camionnette op der falscher Säit entgéint komm. D’Beamte konnten de Won nach stoppen, éier en a falscher Richtung an de Rondpoint gefuer wier. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin gouf agezunn.