Si hätten a Villaen am Nord-Oste vun der Insel hir Vakanz verbruecht. Ronn 60 jonk Leit, déi d’Enn vum Schouljoer wollte feieren, wieren do gewiescht. Et wieren alles Kanner vun europäesche Beamten, déi fir d’EU-Kommissioun géife schaffen. Ënnert den Infizéierte wiere Schweden, Hollänner, Fransousen, Portugisen, Britten a Polen, esou d’Zeitung.
En Dënschdeg solle si zeréck op Lëtzebuerg komm sinn a kuerz drop hätten dräi Schüler Symptomer gehat, esou datt déi ganz Grupp huet misste getest ginn. Well d’Schüler awer hiren Ofschloss gemaach hunn a si d’Rees eegestänneg an onofhängeg vun der Europaschoul gebucht hunn an ugetruede sinn, kann de Lycée net fir dësen Tëschefall verantwortlech gemaach ginn, esou d’Ultima Hora weider. Dëse Tëschefall wier dem Schoulpersonal awer scho bekannt.
An de spuenesche Medien ass vun ronn 20 Schüler aus der Europaschoul rieds gaangen, déi positiv op de Coronavirus getest goufen. Op Nofro vun RTL huet d’Santé dës Situatioun confirméiert. Si schwätzen awer just vun 11 Schüler, déi de Coronavirus vu Mallorca aus mat zeréckbruecht hunn.
Mallorca ass eng beléifte Party-Destinatioun, virun allem bei Teenageren. Zanter dass dat elo nees méiglech ass, ass d’Inzidenz vum Coronavirus op der Insel däitlech geklommen. Mëttlerweil sëtzen dofir 250 Jonker an Hoteller a Quarantaine fest, dorënner schonn eng 20 am Hotel Bellevue an der Stad Alcudia, wou och déi Jonk aus Lëtzebuerg an der Vakanz waren. Si hätte sech fräiwëlleg isoléiert, heescht et vun den Autoritéiten.