Untersuchungsriichter géint Affekot, deem Intimidatioun an Outrage, also Beleidegung, vun engem Magistrat virgeheit gëtt. En aussergewéinleche Prozess virun engem Lëtzebuergesche Geriicht. Ma lo ass dësen awer ausgesat. Den Untersuchungsriichter, deen als Zeie gehéiert ginn ass, gehäit dem Riichter nämlech Befaangenheet vir.
En Donneschdeg de Moien ass de Prozess méi roueg ugaangen. Bedeitend manner Affekote ware komm, fir dësen ze suivéieren. De Sall war awer trotzdeem gutt gefëllt.
Am Raum stoungen nach ëmmer d’Virwërf géint den 73 Joer alen Affekot a fréieren Untersuchungsriichter André Lutgen. Erfëllen d’Mailen, déi hien no engem déidlechen Aarbechtsaccident bei ArcelorMittal virun 2 Joer un den zoustännegem Untersuchungsriichter, souwéi och spéider un 2 Ministeren an d’Procureur général d’Etat gemaach hat, den Tatbestand vun Intimidatioun a Beleidegung vun engem Riichter? Als Affekot vun ArcelorMittal wollt den André Lutgen nom Accident dringend wëssen, wéini d’Aarbechte vun den Experten ofgeschloss wieren an den normale Betrib erëm kéint opgeholl ginn. D’Manéier war dem Untersuchungsriichter awer ze opdränglech an hien hat d’Gefill, ënner Drock gesat ze ginn.
Ier den Affekot vum deemolegen Untersuchungsriichter awer mat senger Plaidoirie ugefaangen huet, huet hien d’Prozessféierung vum Riichter bis elo kritiséiert. Hie wier schockéiert, sot hien. Säi Mandant hätt d’Faiten, also d’Maile virun 2 Joer, just un de Parquet weidergeleet. Dofir wier hien Zeien am Prozess, ma géing wéi en Ugeklote behandelt ginn. Iwwer annerhallef Stonn hätt hie sech misse Reprochen unhéieren an et wier net méi ëm d’Faiten, mee ëm d’Aarbecht vu sengem Mandant gaangen. Hien hätt en déiwen Zweiwel un der Objektivitéit vum Riichter. De Riichter sot dozou hien hätt awer fir d’éischt emol missen de Kontext ergrënnen an dozou géingen och onbequem Froe gehéieren.
Nodeems den Affekot mat senger Plaidoirie fäerdeg war, ass den Untersuchungsriichter opgestanen, an ass en sougenannten Acte fir d’Récusatioun vum Riichter deposéiere gaangen. Domat geheit hien dësem vir, Befaangen, also net objektiv, ze sinn. No enger gudder Stonn, ass dann d’Decisioun komm, dass de Prozess op onbestëmmten Zäit suspendéiert wier.
De Verteideger vum André Lutgen huet nach eng Kéier d’Wuert ergraff. De Prozess wier senger Meenung no absolut anstänneg ofgelaf, betount hien. Dem Riichter wier net virzewerfen, béiswëlleg ze sinn, an dofir wier de Virworf e Skandal an extrem bedauerlech. Nom Prozess sot den Affekot vum Beschëllegten, de Maître François Prum, och nach, dass et ganz onüblech wier, dass d’Partie civile géing eng Récusatioun froen. Him kéim et vir, wéi wann et perséinlech tëscht dem Untersuchungsriichter an dem Riichter gi wier. Déi zwee hätte sech viru Jore quasi e Büro gedeelt, wou de Riichter selwer och nach Untersuchungsriichter war. An lo wou et net esou géing lafen, wéi den Zeie wëllt, géing hien de Riichter ebe recuséieren.