Radio 100,7 melltLëtzebuerger CovidCheck-App soll bis Ufank vu Summervakanz Funktioun bäikréien

RTL Lëtzebuerg
Deen Ament kéint een och säi Certificat an d'App eroplueden an en do ofspäicheren, fir en esou via d'App um Smartphone virweisen ze kënnen.

Dat géif evitéieren, dass een a sengem Handy ëmmer nees no enger Foto vum Certificat oder nom PDF-Dokument misst sichen.

Donieft wier nach eng aner nei Funktioun virgesinn, mat där ee kucke kéint, ob de Lëtzebuerger Certificat compatibel ass mat de Reegelen an den aneren europäesche Länner. Dës Funktionalitéit ass fir den Ament nach net ginn.

D’Covidcheck-App ass bis elo just duerfir geduecht, fir Certificaten ze kontrolléieren.

Back to Top
CIM LOGO