
Aktuell si 4 Persounen hospitaliséiert, dovunner 1 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 551.725 Dosisse genotzt. 2.224 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 6.707 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,49. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Hei géif et e klore Lien mat de Festivitéite vun Nationalfeierdag ginn, heescht et vun der Santé. Di meescht Leit, déi sech ugestach hätten, wiere jonk an net geimpft.