
Si souz 14 Méint laang an Untersuchungshaft. D’Ermëttlunge goufen Enn 2019 zougemaach. Virun engem Joer dunn hat de Parquet matgedeelt, d’Chambre du Conseil wëllen ze saiséieren, fir ze iwwerpréiwen, ob et genuch stéchhalteg Indicë ginn, fir d’Mamm viru Geriicht unzekloen. D’Lëscht vu potentiellen Uklopunkte geet vu Kand-Vernoléissegung, iwwer Doudschlag, bis zu Mord.
Op RTL-Nofro hin huet et en Donneschdeg vum Parquet geheescht, d’Chambre du Conseil wär nach net saiséiert ginn. Et géif een nach op vereenzelt Rapporte waarden. Soubal déi do wieren, géifen dës analyséiert an d’Chambre du Conseil saiséiert ginn.
D’Affekotin vun der Mamm wollt sech RTL géintiwwer net zum aktuelle Stand vum Fall äusseren.
Wat war geschitt?
De 6. Juni 2015 kënnt d’Bianka Bisdorff op d’Welt. Seng Mamm kënnt aus schwéiere soziale Verhältnisser. Si huet scho Kanner, déi se vum Jugendschutz ewechgeholl krut. Och dës Kéier ass de Jugendschutz opmierksam a mellt, datt d’Sarah B. net mam Puppelche virstelleg gouf. Doropshi gëtt ugangs Juli eng Enquête opgemaach an Zeienopriff lancéiert.
En Zeie seet aus, hien hätt gesinn, wéi d’Mamm de 15. Juni mam Puppelche bei e Fëschweier tëscht Lénger a Péiteng gaange wier an duerno ouni d’Kand zréckkoum. Et ass dat lescht Liewenszeeche vum Bianka Bisdorff.
A grouss ugeluechte Sichaktioune vun der Police gëtt nom Kand gesicht. Taucher sinn am Asaz. D’Mamm kënnt an Untersuchungshaft, si äussert sech net zum Fall.
An engem ale Gebai beim Weier fannen d’Ermëttler Kleeder an aner Géigestänn vum Puppelchen.
Et kënnt och zu enger Hausduerchsuchung zu Péiteng an engem Appartementshaus vun engem Mann, bei deem d’Fra mam Këndche soll gewunnt hunn.
De Weier tëscht Lénger a Péiteng gëtt ausgepompelt. Keng Spuer vum Kand. D’Ermëttlunge lafe bis Enn 2019.
Eng Läich gëtt et also bis ewell net. D’Fro stellt sech och, ob déi deemools 32 Joer al Mamm d’Bianka un eng aner Persoun ginn huet. Eventuell der Famill a Portugal, fir ze verhënneren, dass si hiert Kand nees ofgeholl kréich. Oder huet d’Sarah B. hire Puppelchen vläicht esouguer verkaf?
Ob et zu engem Geriichtsprozess géint d’Mamm kënnt oder net, ass och 6 Joer nom Verschwanne vum Bianka Bisdorff net gewosst.