Impfunge bei Kanner a Suerge bei ElterenD'Kannerdoktere goufe mat Froen iwwerrannt

Pierre Weimerskirch
Dës Woch kruten déi éischt Kanner a Jonker tëschent 12 an 18 Joer eng Invitatioun fir sech géint Covid impfen ze loossen.
Impfunge bei Kanner
De Serge Allard, President vun de Kanner-Doktere war Invité am Journal, hien ass do op d’Suerge vun de villen Elteren agaangen.

De Serge Allard, President vun de Kannerdokteren, war Invité en Donneschdeg den Owend am Journal, hien ass do op d’Suerge vun de villen Elteren agaangen.
Lëtzebuerg suivéiert d’Recommandatioun vun der Europäescher Medikamentenagence: Kanner tëscht 12 a 17 Joer kënne mam Vaccin vu Biontech/Pfizer geimpft ginn. All déi aner Vaccine si fir Persounen ënner 18 Joer um europäesche Marché net zougelooss. D’Analyse vun der Europäescher Medikamentenagence hätte gewisen, datt de Vaccin fir Kanner sécher wier.

Um Mëttwoch si 26.000 Invitatiounen zu Lëtzebuerg u Jugendlecher tëscht 12 a 17 Joer erausgaangen. D’Kannerdoktere si reegelrecht mat Froen iwwerrannt ginn, sot hire President, den Dokter Serge Allard am Interview op der Tëlee. Eng Berodung, déi d’Pediateren natierlech gär maachen.

Den Interview mam Serge Allard / resuméiert vum Dany Rasqué

D’Elteren hunn dëser Deeg vill Froen. Den Dokter Serge Allard verséchert, datt d’Impfung bei de Kanner sécher ass. Dat hätt eng amerikanesch Etüd kloer gewisen, allerdéngs haten do just 2.300 Kanner matgemaach. Och wa kleng Kanner manner krank ginn, soll een awer impfen, réit de Pediater.

Wat d’Kanner méi al ginn, wat se méi op 18 Joer zouginn, wat se och méi krank ginn. Déi Jugendlech soll een dofir awer impfen.”

Donnéeën, wéi eng Covid-Impfung sech mat anere Vaccine verdréit, déi Kanner a Jonker kréie, ginn et den Ament nach net. Dofir soll ee kucken, datt d’Kand net ze séier no enger anerer Impfung de Covid-Vaccin kritt.

“Ech wier den Ament méi virsiichteg a géif op d’mannst zwou bis véier Wochen tëschent zwou Impfunge waarden, mä dat musse mer mat de Virologen, eise Spezialisten an de maladies infectieuses nach eng Kéier ofklären.”

Well d’Impfzentren no an no zougemaach ginn, kann ee sech deemnächst och an der Praxis beim Dokter impfe loossen an dat gëllt och fir d’Kannerdokteren, wéi de Serge Allard confirméiert.

“Do musse mer mam Dokter Jean-Claude Schmit a mam Luc Feller kucke mat der Logistik. De Pfizer huet ee bis elo jo bei Minus 80 Grad misste lageren, ech sinn awer elo gewuer ginn, datt een deen elo schonn e puer Deeg am Frigo kann halen, ouni datt en degeneréiert.”

Ier och d’Kanner ënnert 12 Joer d’Méiglechkeet kréien, sech géint Covid-19 impfen ze loossen, dauert et nach bëssen. De President vun de Pediatere präziséiert, datt den Ament do Etüde gemaach ginn, datt et awer bis Enn dës Joers dierft daueren, ier déi Resultater virleien.

Back to Top
CIM LOGO