
De Contingent, also de System, mat deem berechent gëtt, wéi vill Ressourcen d’Gemenge fir d’Schoule kréien, hätt kloer dozou gefouert, datt méi Ressourcë pro Kand do wieren. Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch en Donneschdeg an der Chamber, am Kader vun enger Question élargie vun der CSV-Deputéierten Diane Adehm.
Fir dëse System, deen 2010 agefouert gouf, z’evaluéieren, hätt hien awer och den Observatoire de la qualité scolaire mat enger Analys beoptraagt, sou den Educatiounsminister: “Fir ze kucken, ob mer dat erreecht hunn, wat mer wollte mam Contingent, nämlech eng méi gerecht Verdeelung vun de Ressourcen, dat ass sécherlech mëttlerweil erreecht, well mir hunn eng Convergence do kritt, awer sécherlech och Foren ze stellen, ob mer mat deem soziale Surplus, dee mer ginn, wierklech och déi Gemengen, déi Kanner, déi Schoulen areechen, déi mer brauchen. Ob dat och duergeet, ass sécherlech eng Fro, déi sech muss gestallt ginn. An awer och zu wéi enge Phenomener et bei der Schoulorganisatioun gefouert huet an ob wierklech dann och déi Ressourcen esou agesat ginn, dass se wierklech benefique si fir d’Kand, fir d’Schülerinnen a Schüler.”
A sengen Ae géing d’Qualitéit vum Encadrement vun de Kanner zum Beispill net automatesch eropgoen, wat d’Klasse méi kleng géinge ginn, esou de Claude Meisch, och wa ganz grouss Klasse mat déck an déi 20 Kanner natierlech manner sënnvoll wieren.