
Ass de Beruff vum Enseignant nach intressant genuch? Dat war op Nofro vun der CSV Sujet en Dënschdeg um Krautmaart. Fir déi gréisst Oppositiounspartei gëtt et do e kloren “Nee”. Et géif ee sech ze vill op d’Quereinsteiger-Optioun verloossen, bedauert d’Fraktiounspresidentin Martine Hansen. Virun allem an der Grondschoul wieren d’Zougangskrittäre fir de Beruffsstand vereinfacht ginn – de Stage wier reduzéiert ginn. Et misst ee sech froen, ob déi rezent Astellpolitik vum Quereinsteiger an déi richteg Richtung geet.
„2020 waren an der Grondschoul just nach hallef esou vill ausgebilten Enseignanten ewéi 2018. Aktuell gi méi Quereinsteiger ouni pedagogesch Ausbildung agestallt, ewéi ausgebilten Enseignanten. Vun 306 rekrutéierten Enseignantë waren et 2020 177 Quereinsteiger an 132 diploméiert Enseignanten.”Et wier mëttlerweil méi intressant Quereinsteiger ze ginn, ewéi déi ganz Ausbildung zum Léierpersonal ze maachen. Eng Ausbildung, déi zu Lëtzebuerger op der Uni Lëtzebuerg extrem limitéiert ass, bedauert och d’Josée Lorsché vun déi Gréng. 200-300 Leit géife sech fir d’Coursen umellen, mee just eng 100 Studente geholl ginn.
Zu Lëtzebuerg géif ee just schwéier laanscht de Quereinsteiger-Modell kommen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch. D’Restriktioune beim Astelle wieren am Grand-Duché héich.
„Mir wëllen Enseignantë rekrutéieren, déi Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen. Wéi wier et wann aner Secteure genau esou missten astellen zu Lëtzebuerg? Wat géif dat fir e Chaos ginn? Mir hunn et bis elo mat ville Schwieregkeeten ëmmer gepackt.”
Et lafe Gespréicher mat der Uni.lu, datt de Quereinsteiger kéint an de Studium vum Enseignant integréiert ginn. Heescht, et kéint eng Formatioun vun engem Joer entstoen, déi nom Student sengem 3 Joer Bachelor, dann eng Entrée an d’Education national an de Fondamentale, ewéi och Secondaire géif erlaben.