
Aktuell si 5 Persounen hospitaliséiert, dovunner 1 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 599.264 Dosisse genotzt. 3.525 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 2.658 Persoune war et déi 2. Impfung.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 1.226 aktiv Infektiounen. 69.834 Leit gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,54. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.